Fir Froen zu eisen Produiten
oder Déngschtleeschtungen
wielt den +352 789 964

Flësseggas am Gastank / Asazregioun - Heizen

Immobiliebesëtzer oder Bauhäre mussen u vill Saachen denken, wann et ëm déi richteg Wiel vun Heizenergie geet. Wirtschaftlechkeet, Zouverlässegkeet an d'Ëmwelt. Flësseggas bitt am Verglach zu aneren Heizenergien déi komplett Palett un.

Eng propper Saach

Mat Flësseggas sitt Dir an Saachen Ëmweltverdréiglechkeet ganz vir mat dobäi. Wéinst sengem heije Reinheetsgrad verbrennt e praktesch réckstandfräi - Russ, Äschen an Feinstaub trieden nëmmen an gerénge Quantitéiten op. Och wat Bilanz vum CO2 ubelaangt, punkt eis klimaschiedlech Energie am Geigesaz zu anere Brennstoffer mat däitlech nidderege Wäerter. Flësseggas ass net gëfteg an dofir déi ideal Energie fir ëmweltbewosst Hausbesëtzer.

Plazspuerend an iwwerall verfügbar

Als Energiespender ass Flësseggas extrem flexibel asazfäeg. Et ass iwwerall verfügbar an kann onofhängeg vum bestoende Leeschtungsniveau benotzt ginn. Dat bedeit, Dir kënnt Gaskomfort genéissen, wou dir wëllt. Gelagert gëtt déi ëmweltschounend Energie direkt bei Iech ausserhalb vum Gebai an kompakten iwwer- oder ënnerierdeschen Tanken.

Spuersam

Flësseggas spuert Energiekäschten, well d'Verbrennung garantéiert ee besonnesch héije Wierkungsgrad. A Kombinatioun mat moderner Brennwerttechnik bitt Flësseggas e Maximum un Effizienz a garantéiert domadder ee geréngen Energieverbrauch a geréng finanziell Belaaschtungen. Zudeem kënnt Dir vun den niddregen Investitiounen profitéieren.

Flexibel a villfälteg

Vum Niddregtemeraturkessel iwwert Gasduerchlauferhetzer bis hin zur kompakter Brennwäertmaschinn - a punkto Villfalt stinn Iech als Flësseggasklient all Méiglegkeeten op. Etagenheizungen si genau esou méiglech ewéi eng Zentralheizung ënnert dem Daach. Flësseggasanlagen loosse sech och mat aneren Technologië kombinéieren - wei z.B. mat enger ökologescher Solaranlag, engem modernem Mini-Blockheizkraaftwierk oder enger Wiermpompel.

Absolut zukunftssécher

Am geigensaatz zu Öl oder Äerdgas muss Flësseggas net extra gefördert oder ofgebaut ginn. Dorops hin fënnt een es weltwäit an groussen Quantitéiten un. Dowéinst ass eng Flësseggasheizung absolut zukunftssécher.

Bequem Versuergung

Déi zouverlässeg Versuergung vun Ärem Tank mat Flësseggas iwwerhuele mir fir Iech - egal wo Dir wunnt oder baut. Sungas liwwert Iech Flësseggas no héijem Qualitéitsstandard a garantéiert den optimale Betrib Ärer Heizungsanlag.

Propangas Preis *

* (inklusiv TVA)

QUICK-LINKS